Ofsoen vun zwou traditionell Aktiviteiten
Mir bedaueren Iech matzedeelen dass mir zwou vun eisen traditionellen Aktiviteiten ofgesot hun: d´Burgbrennen an d´Feier vir Vältesdag.
Well mir bei de Gemengeverantwortlechen an verschiddenen Geschäftsläit nit genuch Verständnis fannen, hu mer keng aner Léisung fonnt wéi des manifestatiounen ofzesoen.
D´Pressekonferenz vum 8. Februar kennt Dir hei integral lauschteren, Do kritt Dir nach détailer iwer d´situatioun vun eisem Veräin. An der Presse fannt dir och artikelen iwer des Konferenz (LW; Journal, Voix, Tageblatt, info@indymedia-letzebuerg.net).
Mir wëllen awer Iech, léiwt d´Publikum, Merci soen fir är Ennerstëtzung, an wieren frou Iech bei eisen nächsten sortien eremzegesin.
Pressekonferenz
Aner Blog Einträg
Ofsoen vun zwou traditionell Aktiviteiten
Mir bedaueren Iech matzedeelen dass mir zwou vun eisen traditionellen Aktiviteiten ofgesot hun: d´Burgbrennen an d´Feier vir Vältesdag. weider liesen...
Bescht Wënsch an Neiegkeeten
D´Escher Majoretten wënschen Iech an ärer Famill all Guddes fir dat neit Joër.
Et gëtt e puer Neiegkeeten op eisem site. Fotoen gin no 6 Méint aus der Galerie erausgeholl. Sollt Dir un enger Foto interesse´ert sin, kënnt Dir iwer de Kontaktformulär eis soen wei eng Dir wellt. Mir schecken Iech se. weider liesen...
Wëllkomm op der neier Internetsäit vun den Escher Majoretten!
Wëllkomm op der neier Internetsäit vun den Escher Majoretten! Hei fannt dir déi neisten Informatiounen iwert eise Club. Dir kennt och Photoën oder Videoën vun eisen Optrëtter kucken, an Datumen vun eisen nächsten Sortien virmierken.
weider liesen...
Kommentar beisetzen