Mei Informatiounen vir herof ze lueden
Mamufo
zënter 1995 en internationalen Festival
Zënter 1995 organiséiren d´ ESCHER MAJORETTEN en Internationalen Festival fir MAjoretten, MUseken an FOlkloregruppen ënnert dem Numm MAMUFO zu Esch-Uelzecht (Lëtzebuerg). Dës aussergewéinlech kulturell Manifestatioun zitt all Joër em 20 Majorette – Museks – a Folkloregruppen aus verschiddene europäeschen Länner un.
Vun 2 Auer Mëttes un zéien dës Gruppen duerch d´Foussgängerzon. Den Optrëtt um Podium virum Stadhaus dauert zwëschen 15 an 25 Minutten.
D´Escher Majoretten freeën sech wan Dir bei dësem multikulturellen rendez-vous matmacht a warden op eng Umeldung vun Iech. Gidd eis eng kleng Beschreiwung vun ärer Grupp an eng Foto.
Als Géigeleeschtung bedeelegen d´Escher Majoretten sech un engem vun ären Fester, fir d´Frëndschaft an die kulturell Aktiviteiten tëschent eise Veräiner ze verstärken, an esou di finanziell Belaschtung kleng ze halen.
Als Organisateur sin et d´Escher Majoretten mat hirem Espoir-Team, Show-Team, Drum-Band a Mallet-Band déi de Festival mat hirem „Majoretten-Street-Programm“ an Samba Rhythmen opmachen.