Den Klub
en kuerzen Réckbléck
Déi Escher Majoretten hunn eréischt annerhalleft Joer bestan, wéi si 1995 an Däitschland en Europameeschter-Titel am „Quattro-Junioren" an eng 4. Plaz an der Kategorie „Standard-Modern" mat heem bruecht hunn.
Zënter datt si den 20.04.94 gegrënnt si ginn, sinn déi Escher Majoretten op d´mannst 50 mol d´Jor eraus, an si gi mat Begeeschterung bewonnert. Si hunn hir eegen Drum-Band an zesumme mat der Mallet-Band suergen sie fir schmasseg Rhythmen. Eise Majoretten hire Street-Programm an de Samba-Rhythmus konnte bis elo nach iwerall begeeschteren.
Bei hinne fanne mir de Chic, de Charme, de Rhythmus an d´Eleganz ëmmer als éischt Elementer, woubäi déi blo-wäiss Uniformen, eng Creatioun vum Charlotte Bimmermann vun der Haute Couture française, dee visuellen Optakt maachen.
Nieft de sportlech-kulturellen Activitéite geet et dem Comité natierlech och an der Haaptsaach em sozio-educativ Werter.Eis Majorette maachen intressant Visiten; si hunn hir Presenz bei Commemoratiouns-Feieren, si verdeele Rousen um Mammendag a Knippercher fir de Pappen hirt Fest; Eeer fir d´Ouschteren a Blummen fir Vältesdag.
Den club bedeelegt sech un Hellefsaktiounen (z.B. Télévie). „American touch" a franséisch Eleganz, extravagant Choreographien an talentéiert Optrieden, kompetent Directioun an Ausbildung sinn d´Markenzeeche vum Escher Majorette-Show-Team; dofir gufen si och 1998 a Florida op déi grouss „Disney´s Magical Moments"-Parad an de Walt Disney World Orlando am Magical Kingdom invitéiert.
Formidable Succès vun den Escher Majoretten um Europa-Championnat 1999, wou et en zweeten Europa-Champion-Titel an der Kategorie "Show-team mat Music-Band" gin ass. Nei Heichpunkter am Joer 2000, wéi die Escher Majoretten op d'Tournee an der Karibik waren an op der Weltausstellung zu Hannover opgetruede sin.
Am Joer 2001 Jumelage-Feier mat den Majoretten aus Cittanova an 2002 eenmolegen Optrëtt op der chinesischer Mauer zu Badaling. Mat Courage an enger ausgezechneter Leestung hun die Escher Majoretten bei der Weltmeisterschaft fir Twirling 2003 zu Marseille deel gehol.
2004 hun die Escher Majoretten hir 10-Joer gefeiert an hun eng zu Lëtzebuerg eenzegarteg Formatioun gegrënd: d´ Mallet-Band. 2005 wossten d´ Escher Majoretten op enger grosser Mettelmiercroisière vun Venedig op Istanbul mat Presentatiounen vun Show-Team, Drum-Band an Mallet-Band d´Passageier ze begeschteren. Beim grousse Blummecorso zu Harlem (NL) waren sie derbäi esou wie beim „Championnat d´Europe fir Majoretten“ zu Pordenone (I).
2006 Optrett op ville bekannte Plazen zu Paäis fir den 100ten Gebuertsdag vun der „Union des Fanfares de France“. 2007 Tattoo International zu Bréissel a Gent. Festival Europén zu Lens. Groussen Défilé am Moudenhaus „Hermès“ zu Paräis. Tournée a Südafrika a Swaziland.
No 13 Joer Präsidentschaft huet de Jeannot Clement seng Aktiviteit opgehalen a vum Juli 2008 un ass et d´Monique Jacoby wat Präsidentim vun den Escher Majoretten ass.
Eis Stad Esch kann houfreg drop sinn, d´Heemecht vun engem Europameeschter ze sinn, dee ganz klor hire charmantesten Ambassadeur zu Lëtzebuerg wéi am Ausland ass!